FC Bayern München89A Ff7 N
Den FC Bayern München ass en däitsche Foussballclub deen zanter 1965 an der Éischter Däitscher Foussballbundesliga spillt.
Bayern München ass deen erfollegsräichste Club aus Däitschland an ass dee Foussballclub deen déi zweethéchst Memberszuel op der Welt huet ( >110 000 Memberen). Zanter senger Grënnung am Joer 1900 hunn d'Stare vu Bayern München 20 däitsch Meeschtertitele gesammelt a véiermol d'Champions League-Coupe gewonnen. Sou wonnert et och net, datt d'Bayern, wéi se am Volleksmond och nach genannt ginn, ee vun den erfollegsräichsten an ugesinnste Clibb a ganz Europa duerstellt.
E gewësse Franz John huet de Club de 27. Februar 1900 mat 10 Foussballkollege gegrënnt, nodeem se Sträit mat hirem Stammveräin MTV 1879 München kritt haten. Vill Joer méi spéit war et dann en anere Franz, de Franz Beckenbauer, deen als ee vun de beschte Foussballspiller vun der Welt den FC Bayern München zu weideren Erfolleger gefouert huet.
Haut ass de Franz Beckenbauer President vum FC Bayern München. Am Comité vum Veräi sinn den Uli Hoeneß (Manager), Karl Hopfner (Finanzen) an de Karl−Heinz Rummenigge (Comitéspresident) vertrueden an den Trainer vum Weltclub ass den Ottmar Hitzfeld, deen de Club zanter senger Verflichtung am Joer 2000 (1. Juli) op der Erfollegsspuer hält, notamment mam Doublé (Meeschterschaft a Coupe) gläich a senger éischter Saison als Trainer bei de Bayern.
De leschten Erfolleg vun de Bayern am europäesche Foussball ass de Gewënn vun der Champions League am Joer 2001 wou se sech an der Finall géint den FC Valencia aus Spuenien am Eelefmeter duerchgesat hunn. Domat hu si dann och dat Ongléck aus dem Joer 1999 erëm wettgemaach wéi se d'Champions League géint Manchester zu Barcelona an der Nospillzäit vun der Parti - si haten 1:0 geféiert - nach verluer hunn.
Ënner dem neien Trainer Jürgen Klinsmann schécke se sech un, nees un dës Erfolleger unzeknäppen. Déi lescht Saison hu se schonn divers Rekorder opgestallt an däerften eng gutt Roll beim Vergi vun der dësjäreger Coupe vun der Champions League spillen.
Kapitän vun de Bayern ass de Philipp Lahm.
Den FC Bayern München huet nieft der Profisequipe och nach Jugendequippen, an eng Fraenequipe déi ufänkt grad sou erfollegräich ze gi wéi d'Männer.
Nieft de Foussballsequippe gëtt et beim FC Bayern München nach Basketball-, Schach-, Turn-, Dëschtennis-, Arbitter-, Handball- a Keelenabteilungen.
Kader[änneren | Quelltext änneren]
| Nr. | Nat. | Numm | Gebuertstag | Am Veräin zanter | Vertrag bis | |
|---|---|---|---|---|---|---|
| Gol | ||||||
| 1 | Manuel Neuer | 27. Mäerz 1986 | 2011 | 2016 | ||
| 22 | Tom Starke | 18. Mäerz 1981 | 2012 | 2015 | ||
| 24 | Maximilian Riedmüller | 4. Januar 1988 | 2008 | 2013 | ||
| 32 | Lukas Raeder | 30. Dezember 1993 | 2012 | 2014 | ||
| Ofwier | ||||||
| 4 | Dante | 18. Oktober 1983 | 2012 | 2016 | ||
| 5 | Daniel Van Buyten | 7. Februar 1978 | 2006 | 2013 | ||
| 13 | Rafinha | 7. September 1985 | 2011 | 2014 | ||
| 17 | Jérôme Boateng | 3. September 1988 | 2011 | 2015 | ||
| 21 | Philipp Lahm |
11. November 1983 | 1995 | 2016 | ||
| 26 | Diego Contento | 1. Mee 1990 | 1995 | 2016 | ||
| 28 | Holger Badstuber | 13. Mäerz 1989 | 2002 | 2014 | ||
| Mëttelfeld | ||||||
| 7 | Franck Ribéry | 7. Abrëll 1983 | 2007 | 2015 | ||
| 10 | Arjen Robben | 23. Januar 1984 | 2009 | 2015 | ||
| 11 | Xherdan Shaqiri | 10. Oktober 1991 | 2012 | 2016 | ||
| 23 | Mitchell Weiser | 21. Abrëll 1994 | 2012 | 2015 | ||
| 27 | David Alaba | 24. Juni 1992 | 2008 | 2015 | ||
| 30 | Luiz Gustavo | 23. Juli 1987 | 2011 | 2015 | ||
| 31 | Bastian Schweinsteiger | 1. August 1984 | 1998 | 2016 | ||
| 36 | Emre Can | 12. Januar 1994 | 2009 | 2013 | ||
| 39 | Toni Kroos | 4. Januar 1990 | 2006 | 2015 | ||
| 44 | Anatolij Tymoschtschuk | 30. Mäerz 1979 | 2009 | 2013 | ||
| Stuerm | ||||||
| 9 | Mario Mandžukić | 21. Mee 1986 | 2012 | 2016 | ||
| 14 | Claudio Pizarro | 3. Oktober 1978 | 2012 | 2013 | ||
| 20 | Patrick Weihrauch | 3. Mäerz 1994 | 2010 | 2014 | ||
| 25 | Thomas Müller | 13. September 1989 | 2000 | 2015 | ||
| 33 | Mario Gómez | 10. Juli 1985 | 2009 | 2016 | ||
Statistik[änneren | Quelltext änneren]
- Europokal vun de Landesmeeschter (3) / Champions League (1):
- Siiger: 1974, 1975, 1976, 2001
- Zweeten: 1982, 1987, 1999
- UEFA-Pokalsiger (1): 1996
- Europapokal vun de Pokalgewënner (1): 1967
- Weltpokal (2): 1976, 2001
- Doublé (5): 1969, 1986, 2000, 2003, 2005, 2006
- Däitsche Meeschter (21): 1932, 1969, 1972, 1973, 1974, 1980, 1981, 1985, 1986, 1987, 1989, 1990, 1994, 1997, 1999, 2000,2001,2003, 2005, 2006, 2008
- Däitsche Vizemeeschter (8): 1970, 1971, 1988, 1991, 1993, 1996, 1998, 2004
- DFB-Pokal-Gewënner (12): 1957, 1966, 1967, 1969, 1971, 1982, 1984, 1986, 1998, 2000, 2003, 2005, 2006, 2008
- DFB-Pokal-Finallist (2): 1985, 1999
- Däitsche Supercup-Gewënner (3): 1983 (inoffiziell), 1987, 1990
- Däitsche Ligapokal-Gewënner (6): 1997, 1998, 1999, 2000, 2004,2007
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: FC Bayern München – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- FC Bayern München - offiziell Homepage
- Mythos Bayern
- Allianz Arena - offizielle Spilluert