SëlwerfëschelchenKk GrrHk td
| Sëlwerfëschelchen | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Systematik | |||||||||||||||||
| |||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| 'Lepisma saccharina' Linnaeus, 1758 | |||||||||||||||||
De Sëlwerfëschelchen (Lepisma saccharina) ass eng Insektenaart, déi weltwäit heefeg a Wunnenge virkënnt. En huet e sëlwergroen, stroumlinnefërmege Kierper vu ronn engem Zentimeter Längt (ouni Fühleren), ass flénk, liichtschei an huet keng Flilleken.
De Sëlwerfëschelche brauch op d'mannst 4 Méint, och alt 3 Joer, bis en ausgewuess ass. E kann 2 bis 8 Joer al ginn. D'Weibche leet eng honnert Eeër a Splécken a Ritzen, wann et waarm genuch ass.
Am léifsten huet en Temperaturen tëscht 20 an 30 Grad an eng héich Loftfiichtegkeet. Dofir ass e virun allem a Kichen, Buedzëmmeren a Wäschkichen ze fannen, wou e sech dagsiwwer a Ritzen a Splécke verstoppt.
A Mëtteleuropa kënnen d'Sëlwerfëlschelcher am Fräien nëmmen ausnamsweis, op besonnesch sonnege Plazen, iwwerliewen. Zu Lëtzebuerg si bis elo siwen där Statioune bekannt, dorënner d'Paul-Eyschen-Monument zu Stadbriedemes [1].
Sëlwerfëschelcher friessen am léifsten Hautreschter an Hoer, oder Substanze mat Stäerkt dran, wéi Pap, Buchabänn, Fotoen, mä och Kotténg, Léngent oder Seid. Si kënnen e puer Méint ouni Friessen auskommen.
Natierlech Feinde sinn Ouerewierm a Spannen.
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Meisch, C. 1974. Faune des Machilida et Thysanura du Grand-Duché de Luxembourg. Onverëffentlechte wëssenschaftleche Mémoire, 149 S. (Cf. S. 132).
- Meisch, C. 1977. Faune des Thysanoures du Grand-Duché de Luxembourg. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques 37 (années 1974-1976), S. 103-135.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: Lepisma saccharina – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Meisch 1974, 1977. Deeselwechten Auteur (onverëffentlecht) konnt am Juni 2009 d'Populatioun vun 1974 beim Monument erëmfannen.